EIS MEMBEREN
Kasemattentheater
Spilllechkeet, Sensualitéit, Kreativitéit, Literatur, Opklärung, Aktualitéit, Risikobereetschaft, politescht Bewosstsinn, sozial Relevanz, Pluralismus a kënschtleresch Qualitéit sinn den Usproch an d'Markenzeeche vum klenge Kasemattentheater, deen ëmmer probéiert eng kënschtleresch Plattform fir Experimenter a virun allem fir jonk Theatermaacher ze bilden.
ACCB - Les Amis de la Communauté Catholique de Bonnevoie
D'„Amis de la Communauté Catholique de Bonnevoie (ACCB) a.s.b.l.“, 2016 gegrënnt a zënter 2019 Member vun der Entente des Sociétés de Bonnevoie, huet sech d'Zil gesat d'Entwécklung, d'Aarbecht an d'Projete vun der kathoulescher Communautéit vu Bouneweg z'ënnerstëtzen an ze fërderen, dat am Respekt vum Bewosstsinn a dem Accueil vun der Vilfalt.
Travail Social Communautaire
Ensemble Gare/Bonnevoie
Maison de Jeunes Studio Bonnevoie
D'Inter-Actions a.s.b.l." bitt zwee Servicer zu Bouneweg: de Service Ensemble Gare/Bouneweg, en Service fir den interkulturellen Austausch am Quartier, an de Jugendhaus Studio Bouneweg, dee sech u Jonker tëscht 12 a 25 Joer riicht.
Lëtzebuerger Guide a Scouten Grupp St. Louis - Ste. Irmine Bouneweg
D'Lëtzebuerger Guiden a Scouten besteet aus Kanner a Jugendlecher vu 7 bis 23 Joer, déi vun ausgebilten, motivéierten a fräiwëllegen Guiden iwwerwaacht ginn. D'Gruppeliewen am Fokus vun de reegelméissegen an altersgerecht Versammlung.