MEMBER GINN
Dir wëllt bei eis Memberveräin ginn?
​Bedéngungen no eise Statuten:
-
Siège zu Bouneweg (Quartieren Bouneweg-Sud a Bouneweg-Nord/Verluerekascht);
-
en Deel vun Ären Aktivitéiten ass zu Bouneweg;
-
Bezuelung vun der järlecher Cotisatioun (aktuell 40,00 €).
​​​
Schéckt eis w.e.g. folgend Dokumenter un
-
eng Kopie vun Äre Statuten;
-
en Extrait aus dem Registre de Commerce et des Sociétés deen Är RCS-Nummer an d'Adress vun Ärem Siège ugëtt.​​
​
Wann Dir weider Froen hutt, zéckt net eis ze kontaktéieren.
D'Virdeeler Member vun der Entente ze sinn
​
-
eng gratis Locatioun vum Bouneweger Centre Culturel pro Joer;
-
gratis Notzung vu Glieser a Geschier fir Eventer déi am Bouneweger Centre Culturel organiséiert ginn;
-
gratis Verëffentlechung vun Ären Aktivitéiten an eiser Zäitschrëft „Nouvelles de Bonnevoie“, déi 3 mol am Joer erauskënnt ass a bei eisen Annonceuren, an den zentrale Commerce aus der Quartier, op eiser Internetsäit a per E-Mail fir eis Abonnente verfügbar ass.